Iwwer dem Nico Helminger säi "Geckegen Hunneg" ...
Update: 2025-11-18
Description
De leschten Donneschdeg krut den Nico Helminger fir säi Wierk “Geckegen Hunneg” de Lëtzebuerger Buchpräis. De leschte Sonndeg hate mir live op de Walfer Bicherdeeg an eis Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valibrairie” d’Laureatinnen an d’Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis invitéiert. Leider konnt den Nico Helminger aus gesondheetleche Grënn net mat um Dësch setzen, dofir hu mir mat senger Lektorin, der Myriam Reisdorfer vun den éditions guy binsfeld, iwwer de “Geckegen Hunneg” geschwat an och an engems dovu profitéiert fir méi iwwer d’Aarbecht vun enger Lektorin gewuer ze ginn.
Comments
In Channel



